Moien ech sinn d'Annick,

Freelancerin
Illustratorin an 

Grafikdesignerin.

Mäin ganzt Liewe schonn hunn ech mat verschiddene Forme vun Konscht experimentéiert: vu Molerei iwwert Zeechne bis Fotografie.

 

Konscht ass nach ëmmer meng Passioun, mee et war ni genuch fir mech, an dofir hunn ech mäi Bachelor a Kommunikatiounsdesign ofgeschloss.

 

Aktuell läit mäi Fokus un Illustratioun, Branding, Editorial Design a Papeterie fir Evenementer.

Mäin Ziel ass et, laangfristeg Partnerschafte mat Clienten opzebauen an u komplette visuelle Projeten ze schaffen, souwéi ëmmer nees nei Clientë mat menger Papeterie ze inspiréieren.



Medusa

Medusa ass mäin Designstudio, gegrënnt am Joer 2021.

Visuell Identitéiten, Illustratiounen, innovativ Drécken a Papeterie si mäi  Markenzeeche fir kommerziell, kulturell an institutionell Projeten, awer och fir privat Persounen.

 

Clients

Oppen Kommunikatioun mat menge Clientë wärend engem Projet ass mir wichteg. Zesumme kreéiere mer originell Design Léisungen, déi de Charakter vum Projet refletéieren.